L-Pod News #01
De Mathis weist iech waat dëse Mount lass waar:
- Adam & Eva am Kasemattentheater
- Filmdréi an der Abtei zu Iechternach
- L-Pod Livesendung op Berlin an den Theater Eigernreich
- D’Wierderprévisiounen mam Théid
De Mathis weist iech waat dëse Mount lass waar:
- Adam & Eva am Kasemattentheater
- Filmdréi an der Abtei zu Iechternach
- L-Pod Livesendung op Berlin an den Theater Eigernreich
- D’Wierderprévisiounen mam Théid
Hallo L-Pod!
Äre Site ass besser ginn wéi ech gefaart hat (hat jo eng fréi Entwécklungskizz gesinn), mä et ginn menger Meenung dach nach vill Baustellen, ënnert anerem d’Biller op der Startsäit, déi extrem verzerrt sinn an natierlech äre Logo, deen zimlech onprofessionell agebonnen ausgesäit.
Wat den Video ugeet: Probéiert wannechglifft net, eldo.tv ze sinn. Net nëmmen ass eldo.tv eng peinlech Geschicht fir all déi bedelegt, mä mir brauchen och sécherlech keng Copie dovunner. Ech perséinlech géif et gutt fannen, wann dir är Beiträg géift uerdentlech ukënnegen an ob Klamauk géift verzichten. Dat mat der Livesendung hunn ech iwwregens net verstanen. Wourëms et am Stéck Adam an Eva geet, weess ech och nach net. (Interessant och, ween d’Haaptroll spillt. Hätt et fair vun iech fonnt, dat ze ernimmen.)
Alles an allem ass bei iech sécherlech Potential do. Zu méi wéi d’Parodie vun enger Parodie ze sinn.
Salut Joël,
mer si frou datt der de Site gefällt, well et ass jo effektiv net eise But fir d’Leit färten ze doen…